Home

News

  • Mir sinn op:

    Ab dem 02.05.2023 sinn d'Ëffnungszäiten fir den Summer wei folgend:

    Méindes vun 7:30-23:00 Auer

    Dënschdes vun 7:30-23:00 Auer

    Mëttwochs an Donneschdes sinn mir zou

    Freides vun 7:30-23:00 Auer

    Samschdes vun 7:30-23:00 Auer

    Sonndes vun 7:30-21:00 Auer
  • Fëscherei ass op:

    Mir sinn frou Iech um «Ierpeldenger Weier» begréissen ze kënnen, wou dir een flotten Fëscher Dag verbréngen kennt.

    Präis Informatiounen :

    Mir bieden Iech de Weier am Viraus ze reservéieren.
    Präis ½ Dag : 19.00 Euro
    Präis 1/1 Dag : 28.00 Euro
    Präis Gruppe Reservéierung : 330-395€

    Dir fannt eise Kalenner fir ze fëschen online.

    Mir wënschen Iech eng schéin Fëschsaison.

Mir sinn frou Iech op eisem Internet Site begréissen ze dierfen. 

Hei wäerten mir Iech um Lafenden halen.

De Fëschkalenner gëtt reegelméisseg aktualiséiert.

Eis Kichen ass op:

Méindes, Dënschdes a Freides Mëttes vun 12.00-14:00 Auer fir eisen Plat vum Dag.

Samschdes a Sonndes Mëttes vun 12:00 Auer-14:00 Auer

esou wei Méindes, Dënschdes, Freides an Samschdes Owes vun 18:30-21:00 Auer, fir d'Suggestiounen.

Sonndes Owes gëtt et just Ham, Fritten an Zalot, oder eng Hameplaque.

Dir kennt reservéieren ënner info@weier.lu oder um Telefon 81 25 97 (déi Deeg wou op ass).

Fir den klengen Honger tëschenduerch ass och gesuergt, dir kritt den Ganzen Dag iwwer Bréidescher oder en Croque Monsieur,

eng Glace: entweder Cornet oder Stick, mee och eng Dame Blanche oder ee Café glacé ass méiglech.

Mëttwochs an Donneschdes si mir zou.